Quo Vadis CR7?Dräi Veräiner sinn an der Course ëm de Cristiano Ronaldo

RTL Lëtzebuerg
Et ass scho längst kee Geheimnis méi, datt de Ronaldo säin aktuelle Veräin Manchester United verloosse wëll. Rumeuren no sollen 3 Veräiner Interessi hunn.
© AFP/ADRIAN DENNIS

Sporting Lissabon

En Donneschdeg huet d’Zeitung Daily Mail op Twitter gepost, datt de Cristiano Ronaldo wuel zréck a seng Heemecht wiessele wäert an zwar bei säi Jugendveräin Sporting Lissabon. Schonn an deene leschte Méint gouf et dacks Rumeuren, datt de Ronaldo nees fir d’Leões spille wéilt. Dëst, well hien a Portugal nach net Meeschter gi wier an hien dësen Titel onbedéngt mat sengem Jugendveräi gewanne wéilt.

Dräi Minutte méi spéit huet d’Zeitung Daily Mail déi éischten Ausso allerdéngs revidéiert. Intern Sourcë vu Manchester United hätte confirméiert, datt e Wiessel bei Sporting net probabel wier.

Olympique Marseille

E weidere Championnat, deen de Cristiano Ronaldo nach net gewanne konnt, ass de Franséischen. Zënter e puer Wochen huet sech d’Rumeur verbreet, datt de Ronaldo bei de Veräi vun der Côte d’Azur wiessel wäert. Vill bekannt Perséinlechkeeten hunn iwwerdeems op Twitter behaapt, aus séchere Quellen ze wëssen, datt de Ronaldo geschwënn zu Marseille spille wäert. Esou huet de fréiere Box-Europameeschter Karim Guerfi getwittert, datt d’Ënnerschrëft vum Ronaldo méi wéi sécher wier. Och d’Sängerin Vitaa huet behaapt, datt si mam Beroder vum Ronaldo, dem Jorge Mendes, geschwat hätt, an deen hir gesot hätt, datt Verantwortlech vum OM de Ronaldo kontaktéiert hätten.

SSC Neapel

Ganz rezent ass och Neapel an d’Course fir de Ronaldo erageklommen. Experten no sollen d’Süditalieener Manchester United en Deal virgeschloen hunn, bei deem de Stiermer vun der Partenopei, de Victor Osimhen, fir 100 Milliounen Euro op d’Insel verkaf soll ginn. Neapel soll am Géigenzuch de Ronaldo ausléinen, ouni säi Salaire missen ze bezuelen. De neapolitaneschen Trainer Luciano Spaletti huet d’Diskussioune fir den Transfert weider ugestachelt, andeems hie viru kuerzem an engem Interview gesot huet, datt hie keen Trainer géif kennen, deen net gäre mat esou engem Spiller zesummeschaffe géif.

Fazit

Wouhin d’Rees fir de 37 Joer ale Portugis higeet, wëssen den Ament wuel nëmmen déi Mannsten. Experte sinn der Meenung, datt de Wiessel op Marseille wuel dee Warscheinlechsten ass, allerdéngs gesinn e puer Experten de Ronaldo am hellbloen Trikot vun Neapel spillen. Fest steet awer, datt de Ronaldo net méi all ze vill Zäit huet fir ze wiesselen, well d’Transfertperiod den 1. September eriwwer ass.

Back to Top
CIM LOGO