
Bei den Häre goufen et kloer 12:0-Victoirë fir Esch géint Conter a fir Schëffleng géint Cap on Line. Donieft huet Spora sech däitlech géint Péiteng duerchgesat an Arquebusiers konnt géint Houwald gewannen.
Bei den Damme konnt Arquebusiers mam 8:0 géint Jonglënster en däitleche Succès feieren. Mam selwechte Resultat hunn iwwerdeems d’Spora Gréiwemaacher geklappt a Péiteng géint Houwald gewonnen. Beim 4:4 tëscht Bouneweg a Stengefort gouf et um Enn eng knapp Victoire fir Bouneweg.
Am Klassement bleift d’Spora bei den Hären a bei den Dammen un der Spëtzt, zweemol mat engem Punkt Avance.
Am offizielle Schreiwes vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun fannt Dir de komplette Spillplang.
D’Resultater vun den Hären am Iwwerbléck
D’Resultater vun den Dammen am Iwwerbléck