EM-Qualifikatioun: Portugal-LëtzebuergE spezielle Match fir Rodrigues, Da Mota, Barreiro a Cabral

Franky Hippert
Tom Flammang
An der Europameeschterschafts-Qualifikatioun spillt déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp e Freideg géint Portugal.
© Franky Hippert

Fir 4 FLF-Nationalspiller ass d’Partie e Freideg den Owend an der EM-Qualifikatioun zu Lissabon géint Portugal eppes ganz Spezielles. Mam Gerson Rodrigues, Dan Da Mota a Leandro Barreiro hunn och 3 vun deene 4 grouss Chancen, um Terrain ze stoen. Just beim 3. Kipper, dem Emanuel Cabral, dierft et bei der Roll vum Spectateur bleiwen. Wat ass dann esou Speziell? Ma déi 4 hu portugisesch Originnen.

FLF-Spiller aus Portugal / Rep. Franky Hippert

Fir de Gerson Rodrigues wäert seng 21. Selektioun am Dress vun de Roude Léiwen eppes ganz Extraes ginn, schliisslech gouf de Profi vun Dynamo Kiew den 20. Juni 1995 zu Lissabon gebuer:

Dat ass topp - wann s de do kanns spillen, wou s de gebuer bass. Mä ech sinn elo Lëtzebuerger an ech si ganz frou, fir d’Nationalekipp vu Lëtzebuerg ze spillen. Natierlech sinn ech zefridden, well meng Famill wäert am Stadion sinn. Och wa meng Originnen a Portugal sinn; wann ech um Terrain sinn, sinn ech Lëtzebuerger.”

Wann een zu Lissabon gebuer gouf, da stellt sech natierlech d’Fro, Benfica oder Sporting. Muer den Owend gëtt jo am Estadio Jose Alvalade, dem Stadion vum Sporting, gespillt. De Rodrigues erkläert:

Wéi ech kleng war, war ech fir Benfica. Et wier dowéinst natierlech eng Éier gewiescht, an deem Stadion ze spillen, ma elo ass et awer esou, datt mir am Alvalade spillen, dat jo och ee flotte Stadion ass. Dëse wäert voll sinn an et wäert eng gutt Ambiance ginn.

Fir den Dan Da Mota, deen zanter 2007 Lëtzebuerger ass, ass et bei senger méiglecher 97. Selektioun fir d’FLF awer net deen 1. Rendez-vous géint dat Land, vu wou seng Elteren hir sinn. Viru 7 Joer hat de gebiertegen Ettelbrécker nämlech bei der knapper 1:2-Defaite am Stade Josy Barthel géint Ronaldo a Co. den 1:0 fir d’Rout Leiwe geschoss. E Freideg gëtt dat awer nees eng ganz aner Saach:

Fir mech a fir déi ganz Ekipp, viru 50.000 Leit am Alvalade ze spillen, ass flott. An dann och nach géint esou eng Ekipp ze spillen, ass eng speziell Erfarung an ee flott Erliefnis.

PK en Donneschdeg mam Ruben Dias an Nationaltrainer Fernando Santos

De Ruben Dias vu Benfica Lissabon sot op der Pressekonferenz en Donneschdeg, datt Lëtzebuerg eng gutt-organiséiert Ekipp ass, déi een och ganz eescht muss huelen, well et e geféierleche Géigner ass.

Den Nationaltrainer Fernando Santos sot iwwerdeems, datt Lëtzebuerg onverdéngt géint d‘Ukrain verluer huet. D’FLF ass ganz gutt organiséiert, d’Rout Léiwe spillen awer net just op Konter. Mat hirem Trainer, deen zanter 9 Joer ganz gutt Aarbecht mécht, huet Lëtzebuerg mëttlerweil och e Futtball, deen och op Ballbesëtz ausgeriicht ass, esou de Santos iwwert de Luc Holtz an d‘FLF-Formatioun.

Op der Pressekonferenz huet de Santos een héije Pressing a Géigepressing ugekënnegt. Iwwert de Cristiano Ronaldo sot de portugisesche Nationaltrainer, datt deen net vu Madeira, mä wuel aus enger anerer Galaxie kënnt.

Zanter e Mëttwoch de Mëtteg sinn d’Rout Léiwen zu Lissabon. E Freideg den Owend um 20.45 Auer gëtt jo am Estadio Jose Alvalade den EM-Qualifikatiounsmatch géint Portugal ugepaff.

© Franky Hippert

EM-Qualifikatioun bis elo

Am September haten d’Portugisen an hirer leschter Qualifikatiounspartie 5 Goler géint Litauen geschoss. Dräi dovunner goungen der op de Kont vum Cristiano Ronaldo. Dem 34 Joer ale Stiermer seng Karriär war am Joer 2002 zu Lissabon beim Sporting ugaangen an e Freideg wäert hien am, mat ronn 50.000 Leit, ausverkaafte Stadion José Alvalade gefeiert ginn. Fir d’Lëtzebuerger ass et eng zousätzlech Motivatioun, fir géint d’Weltklassespiller um Terrain ze stoen.

Portugal huet am Moment am Grupp B aacht Punkten a läit hannert der Ukrain op der 2. Plaz. Serbien huet ee Punkt manner an ass a Lauerstellung. Deemno dierft géint d’Rout Léiwen eng Victoire fest ageplangt sinn.

Virschau op Portugal - Lëtzebuerg
Mat der Partie géint d’Portugisen huet d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp eng schwéier Aufgab virun der Broscht.

Gutt Aarbecht vum Luc Holtz

“Den Nationaltrainer vu Lëtzebuerg huet an de leschten 9 Joer eppes richteg Guddes opgebaut an d’FLF-Formatioun spillt net méi just op Konter, mä huet de Ballbesëtz gär“, dat sot den Trainer vum Europameeschter Portugal, de Fernando Santos, en Donneschdeg op der Pressekonferenz, virun der Partie e Freideg den Owend an der EM-Qualifikatioun wëllen d’Rout Léiwen hir Zänn weisen.

Dofir muss den Optrëtt awer besser sinn, wéi beim 1. Training e Mëttwoch den Owend op portugiseschem Buedem. Do war de Luc Holtz guer net zefridden.

1. Training vun der FLF-Formatioun / Rep. Franky Hippert

Portugal - Lëtzebuerg e Freideg bei RTL

Op RTL Radio Lëtzebuerg gëtt de Match vun der FLF-Selektioun e Freideg live iwwerdroen. Um 2. RTL an am Livestream op RTL.lu an op den Appe kënnt Dir d’Partie och suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO