Vu ganz uewen um Kierchbiergplateau si se fortgaangen. Am Ufank goung et nach biergof, fir ënnen am Pafendall ze landen, beim Aquatunnel. D’Moonwalker: An allen Alterskategorien, an allen Outfits a prett fir 10, 20 oder 50 km.
Ronderëm, uewendriwwer an ënnert der Stad Lëtzebuerg, dat ass am Resumé de Parcours vum Moonwalk.
Den Aquatunnel ass natierlech e Must bei sou engem Walk-Event. Net nëmme well ee soss do net hikënnt , mee och well den Tour no e puer Kilometer mat engem klengen Abenteuer weidergeet.
De Mount selwer konnt een nach net gesi well deen ass réischt um 1 Auer an der Nuecht opgaangen: duerfir awer en anert Gesiicht.
Ëm 22 Auer Owes sinn zwee Moonwalker nach fir ronn 10 Stonnen ënnerwee, vläicht och méi laang. Sympatheschen Ëmfank op Stelzen, do ass näischt dergéint.
D’Motivatioune ware sécher ënnerschiddlech mee d’Grondastellung war: Spaass hunn. Mat Kolleegen oder Frënn nuets mol anescht ënnerwee.
Natierlech geet et biergop an biergof wéi et sech passt fir d’Stad Lëtzebuerg. An iergendwann deet et och wéi. Et schweesst een, net nëmme wéinst der Afenhëtzt. De Moonwalk ass schonn och eng sportlech Affär.
Den Organisateur Erich François, dee vum ING Marathon bekannt ass schéngt d’Stad Lëtzebuerg am Grëff ze hunn.
“D’Stad Lëtzebuerg eegent sech derfir an dat hei läit mer scho laang op der Séil, esou eppes ze maachen. Net just fir Leefer, mee och fir Wanderer. Ech wollt eppes Besonnesches maachen, ech wollt et nuets maachen - domat kenne mir eis gutt aus - an esou ass de Moonwalk entstanen.”
Natierlech gëtt och kontrolléiert, an de Stempel um Kontrollpunkt ass e Must. Dat ass gläichzäiteg de Ravitaillement, well Stonnelaang ënnerwee ze sinn heescht och fir eng uerdentlech Alimentatioun ze suergen. 50 km dat ass laang: vu 500 Participanten haten sech der 30 fir déi laang Distanz entscheet.
Dee nächste Moonwalk ass den 10. September zu Veianen.