
Freed a Leed louchen déi lescht dräi Deeg bei der Lëtzebuerger Nationalekipp ganz no beieneen. Um sportleche Plang huet an deenen zwee Lännermatcher géint Liechtenstein a Bosnien-Herzegowina alles gepasst. Nieft dem Terrain gouf awer vill rumouert.
Lass goung et u sech e Samschdeg mat der Nouvelle, datt de Gerson Rodrigues géint Liechtenstein aus disziplinaresche Grënn vun Ufank un op der Bänk sëtze géing. An der Paus huet den Nationaltrainer Luc Holtz de Rekord-Butteur vun der Nationalekipp du fir de Vincent Thill bruecht, eppes wat sech dunn och direkt bezuelt gemaach huet. Mat senger Virlag zum 1:0 a sengem Gol zum 2:0 hat de Gerson Rodrigues groussen Undeel un der Lëtzebuerger Victoire géint Liechtenstein. Dat huet de Luc Holtz nom Match och esou gesinn.
“De Gerson ass ee Phänomen. Hie bréngt mech als Trainer och a verschidde schwiereg Situatiounen. Zum Beispill geet hien de Ball déif froen, wat guer net gefrot war. Am Endeffekt ass et dann dee Spiller, deen d’Decisioun mécht. Ech weess, datt vill Leit dobaussen dat mat engem kriteschen A gesinn. Ech probéieren dat sou gutt wéi méiglech bei him rauszekréien, datt hie performant um Terrain ass. Mee wann hien all Kéiers nëmme 45 Minutten an entscheedend ass, dann ass mir dat och Recht.”
Den Dag drop dunn déi nächst grouss Nouvelle. De Gerson Rodrigues an de Vincent Thill goufe géint Bosnien-Herzegowina vum Nationaltrainer suspendéiert. Dat well de Gerson Rodrigues um Kaffisdësch an um Training gefeelt huet an de Vincent Thill aus perséinlech Grënn d’Ekipp no der Partie géint Liechtenstein verlooss hat. Eng Decisioun, déi och den Nationaltrainer bedauert huet.
“Et sinn zwou komplett verschidde Situatiounen. Beim Gerson ass et net déi éischte Kéier, datt hien de Grupp huet misse verloossen. Et ass laang genuch nogekuckt ginn, mee wann déi finanziell Sanktiounen net méi gräifen, da muss een anere Sanktiounen huelen. De Vincent ass eng komplett aner Saach. Wéi ee Grond? Ech weess et net, ech kann do nëmme supposéieren. Villäicht wëll hie sech sengem Brudder uschléissen, dee stäerken an zum Deel Familljepolitik maachen.”
Ee weideren Hummer dunn e Méindegowend. Wéi de Parquet op Nofro hi confirméiert huet, krut de Gerson Rodrigues eng geriichtlech Zoustellung an d’Police huet RTL-Informatiounen no direkt nom Match géint Liechtenstein mat him geschwat.
Vun deenen turbulente Stonnen an Deeg huet d’Ekipp sech awer absolut net beandrocken a veronséchere gelooss an huet déi richteg Reaktioun um Terrain gewisen. Eng kämpferesch a spilleresch gutt Leeschtung, déi um Enn mat enger verdéngten 2:0-Victoire, duerch Goler vu Borges a Sinani, a mat den éischten 3 Punkten iwwerhaapt géint Bosnien-Herzegowina belount gouf.
Domadder steet d’FLF-Selektioun iwwert d’Summerpaus mat 7 Punkten op der 3. Plaz am Grupp J. Am September heeschen d’Géigner dann Island a Portugal. Et bleift ze hoffen, datt d’Situatioun nieft dem Terrain sech bis dohi berouegt huet an datt d’Nationalekipp da just fir positiv Schlagzeilen um Terrain suergt.