Schi AlpinÉischt Weltcup-Victoire fir de Lucas Braathen

RTL Lëtzebuerg
Den Norweger huet sech am Slalom zu Wengen iwwerraschend duerchgesat. Beim Super-G vun den Damme konnt sech d'Federica Brignone knapps behaapten.
© AFP

Bei den Dammen gouf et am Super-G zu Zauchensee eng knapp Victoire fir d’Federica Brignone. D’Italienerin konnt sech mat engem Virsprong vun nëmmen 0.04 Sekonne virum Corinne Suter aus der Schwäiz duerchsetzen. D’Ariane Rädler huet sech als Drëtt hir éischt Podiumsplaz mat engem Retard vun 0.17 Sekonne geséchert.

Méi spéit sinn dann d’Hären am Slalom zu Wengen un den Depart gaangen. Do huet de Lucas Braathen, deen als Zweete gestart ass, vun den ufanks gudde Conditioune vun der Pist profitéiert an um Enn d’Konkurrenz hannert sech gelooss. Den Norweger, deen nom éischten Duerchgang nach den 29. war, konnt domat déi éischt Weltcup-Victoire a senger Karriär feieren. Op déi zweet an drëtt Plaz sinn den Daniel Yule an den Giuliano Razzoli komm.

Back to Top
CIM LOGO