
Den Harry Maguire, Kapitän vum englesche Futtball-Rekordchampion Manchester United, gouf e Samschdeg vun der griichescher Police fräi gelooss. Zwee Deeg virdrun hat d’Police de Futtballspiller op der beléifter Vakanzeninsel Mykonos wéinst enger méiglecher Attack op e Polizist festgeholl.
Lokal Tëleesbiller hunn elo gewisen, wéi de 27 Joer alen Englänner d’Geriicht op der Nopeschinsel Syros a Begleedung vu sengen Affekote verlooss huet.
D’Police war an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg geruff ginn, fir eng Kläpperei tëscht zwou Touristegruppen op en Enn ze bréngen. Déi griichesch Tëleeschaîne “Mega” huet doropshi gemellt, d’Situatioun ëm de Maguire wier eskaléiert, nodeems eng Persoun aus deem anere Grupp dem engleschen Nationalspiller seng Schwëster geschloen hätt.
Duerno wieren den Ofwierspiller vun de Red Devils, säi Brudder an nach een anere Kolleeg mat der Police unenee geroden - dobäi wiere 4 Police-Beamte liicht blesséiert ginn. Wéi d’Police matgedeelt huet, soll ee vun de Verdächtege probéiert hunn, e Beamte vun der Police ze bestiechen, fir esou de Virfall ënnert den Tapis ze kieren.
Manchester United, de Club vum Harry Maguire, huet sech an engem knappe Statement zu dem Evenement geäussert. Et hätt ee keng Kenntnis doriwwer, wat ëm de Spiller vu ManU op Mykonos geschitt wier. Donieft hätt ee Kontakt zum Maguire opgeholl, dëse géif awer mat der griichescher Police voll a ganz kooperéieren.