
De Basketspiller vum Basket Esch wäert vun nächster Saison un net méi um Terrain ze fannen sinn, mä hänkt seng Schong un de berüümte Nol.
Hie schwätzt mam Jeff Kettenmeyer driwwer, wéi et war, 2023 endlech Champion ze ginn, a wisou et sou besonnesch ass, deen Titel an och dee vun der Coupe d’lescht Saison mat richtege Kolleegen erlieft ze hunn. Donieft geet et och drëms, wéi d’Häre vum Basket Esch sech iwwer Jore lues a lues an der Spëtzt etabléiert hunn a wéi den Ufank an der Nationale 2 war.
De Joé Biever erzielt och iwwert seng Passioun fir de Futtball an den FC Bayern München an erkläert och, wéi schwéier et ass, sech zu Esch als Veräin géint d’Jeunesse, d’Fola an och den Handball Esch ze behaapten.
De ganze Podcast kënnt Dir wéi gewinnt op RTL Play lauschteren.
Dës Woch ass de Joé Biever Invité am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.