Premier LeagueEx-Gunner Arteta neien Arsenal-Trainer

RTL Lëtzebuerg
Den englesche Futtball-Veräin FC Arsenal huet no zéie Verhandlunge mat Manchester City säi Wonschtrainer kritt.
© AFP

De Mikel Arteta ass den neien Trainer vum FC Arsenal. De fréie Profi vun de Gunners war zanter 2016 Assistent vum Pep Guardiola bei Manchester City.

Den Arteta ass domadder de Successeur vum Unai Emery, deen Enn November entlooss gi war.

De 37 Joer ale Spuenier huet e Kontrakt bis de Juni 2023 ënnerschriwwen. Viru senger City-Zäit stoung de fréiere Mëttelfeldspiller fënnef Joer fir Arsenal um Terrain, och als Kapitän. 2014 an 2015 hat hie mat de Gunners den FA Cup gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO