
E Sonndeg war et d’Suite vum 5. Spilldag an der BGL Ligue. Nodeems schonn e Samschdeg Rodange an d’Jeunesse mat engem 3:3 d’Punkte gedeelt haten a sech de Progrès Nidderkuer zu Rouspert mat 3:0 behaapt huet, stoungen e Sonndeg nach 5 Partien um Programm. Hei gouf et Victoirë fir d’Fola, Munneref, Déifferdeng a Stroossen. Tëscht Diddeleng an dem Racing gouf et kee Gewënner.
No enger méi verhalener Ufanksphas, wou den F91 wuel méi vum Match hat, dat allerdéngs ouni sech richteg Chancen erauszespillen, ass an der 30. Minutt den 1. Gol an dëser Partie gefall. Den Da Mota huet den Ikene lancéiert an de jonke Spiller konnt de Racing a Féierung bréngen. Den F91 Diddeleng konnt awer nach virun der Paus ausgläichen, do war et nämlech an der 41. Minutt de Cools, deen no engem Corner vum Lavie markéiere konnt. Déi zweet Hallschent war däitlech méi animéiert, wéi déi éischt, ma nawell huet et eng Zäitche gedauert, bis op en Neits e Gol gefall ass. An der 70. Minutt huet de Mendy den amtéierende Champion mat 2:1 an den Avantage bruecht. Ma nach war et laang net eriwwer, well an der 78. Minutt huet den Da Mota op 2:2 gestallt. 4 Minutte méi spéit huet de Sinani Diddeleng awer op en Neits a Féierung bruecht, ier de Mabella an der 84. Minutt den 3:3 geschoss huet, esou dass et um Enn kee Gewënner gëtt no enger geckeger Schlussphas. No 4 Matcher huet den F91 elo 4 Punkten um Konto.
D’Etzella huet an der éischter hallwer Stonn gedréckt, si hu probéiert, d’Kontroll ze iwwerhuelen, virun allem well bei den Déifferdenger net all ze vill gaangen ass. Dat huet sech awer no enger hallwer Stonn geännert, wou den Deruffe d’Féierung nach verpasst huet. 5 Minutte méi spéit huet de Vandenbroeck et dunn awer besser gemaach an den FCD03 a Féierung bruecht. No der Paus huet d’Etzella ëmgestallt a si hunn elo méi offensiv gespillt an dofir goufe si belount, well an der 60. Minutt konnt de Keita den Ausgläich markéieren. 10 Minutte viru Schluss dunn awer de Schock fir d’Gäscht, do konnt de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller Gilles Bettmer nämlech den 2:1 fir Déifferdeng schéissen an domat huet hien d’Partie och entscheet.
Et koum um Pabeier eng Spëtzematch gläich, ma um Terrain huet et sech an der éischter hallwer Stonn net onbedéngt esou ugesinn. Gutt Chancen hu laang op sech waarde gelooss, ma no 34 Minutte konnt d’Fola dunn awer a Féierung goen. De Ken Corral huet de Ball opgeluecht fir de Stefano Bensi an deen huet sech den 1:0 net entgoe gelooss. Péiteng huet an der éischter an och an der zweeter Hallschent probéiert, alles no vir ze geheien, ma richteg Golchancë konnte si sech net erausspillen an esou verléiere si den éischte Match an dëser Saison, dat virun allem och, well de Sinani an der 90. Minutt nach vum Punkt aus fir den 2:0 gesuergt huet.

Munneref hat laang Zäite Schwieregkeeten am Opbauspill an d’Gäscht aus der Millebaach haten och déi besser Chancen. An der 31. Minutt konnt d’Lokalekipp dunn nawell a Féierung goen an dat duerch den Oliveira. D’Millebaach hat den éischt Géigegol nach net richteg verdaut, do huet Munneref nach emol zougeschloen an dat a Persoun vum fréieren Diddelenger Patrick Stumpf. Kuerz no der Paus konnt de Stumpf dunn direkt nach eemol zouschloen. Nom 3:0 gouf et nach weider Chancen op béide Säiten, ma Goler sollte keng méi falen, esou dass Munneref mat 3:0 gewënnt.

Bei Hueschtert leeft et bis elo einfach net an dëser Saison. D’Ekipp vum Trainer René Peters huet weiderhi grouss Schwieregkeeten an dat och e Sonndeg zu Stroossen, well do louch een no 16 Minutte schonns mat 0:1 zeréck. Et war den Hayasaka, dee markéiere konnt. An der 27. Minutt konnt de Bernardelli esouguer schonns op 2:0 stellen. Stroossen war weider dominant an an der 31. Minutt konnt den Szimayer schonn den 3:0 schéissen. dono huet de René Peters awer reagéiert an den Do Rosario erausgeholl an de Wang erabruecht a genau dee war et, deen an der 37. Minutt op 1:3 verkierze konnt. An der zweeter Hallschent war d’Partie dunn ee gutt Stéck méi equilibréiert, ma nawell war Stroossen e Sonndeg einfach besser an de Kevin Lourenco huet an der 87. Minutt fir d'4:1-Schlussresultat gesuergt.
