
Den 23 Joer ale Fransous Lucas Hernandez huet bei de Münchner e Kontrakt fir 5 Joer ënnerschriwwen.
De Verdeedeger wiesselt fir déi festgeschriwwen Zomm vun 80 Milliounen Euro un d’Säbener Straße an ass domat deen deierste Spiller an der Geschicht vun der Bundesliga, wann een déi vun engem Veräin kaafte Spiller kuckt. Dat war bis elo de Corentin Tolisso, deen 2017 fir 41,5 Milliounen Euro vu Lyon op München gewiesselt war.
Den Hernandez sot, e géif sech freeën, an Zukunft mam FCB ëm all d’Titelen ze kämpfen.
Virdru muss en awer nees gesond ginn, well beim Sportcheck war eng Blessur un de Bänner am rietse Knéi festgestallt ginn, dofir gouf den Hernandez och schonn e Mëttwoch operéiert - an Ofsprooch mat sengem Nach-Veräin Atlético. Fir de Start vun der neier Saison soll de Spiller awer fit sinn.
Hie gëllt als ee vun de weltbeschten Defensivspiller an ass zanter 2007 bei Atlético, wou en a sämtleche Junior-Ekippe gespillt huet. 2018 huet e mat Madrid d’Europa League gewonnen an als Stammspiller gouf en an demselwechte Joer mat der franséischer Nationalekipp Weltmeeschter.