
Et waren um Sonndeg awer nees eng Partie Lëtzebuergesch Futtballer ënnerwee. Ënnert anerem huet den Anthony Moris mat Royale Union géint de RSC Anderlecht gewonnen. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
1. FC Köln - VFB Stuttgart 0:0
Stuttgart huet an der 1. Hallschent aktiv de Wee no vir gesicht, konnt sech awer net belounen. Köln huet nom Conference League Match ënnert der Woch e bësse gebraucht bis si an de Match fonnt hunn. De Lëtzebuerger Nationalspiller Mathias Olesen, dee vun Ufank un um Terrain stoung, huet no ënner knapper Véierel Stonn wéinst enger Blessur um Fouss missen ausgewiesselt ginn. Den Duda huet den Olesen ersat. Dono war et eng ausgeglachen 1. Hallschent. Nom Säitewiessel ass et hëtzeg ginn. An der 56. Minutt krut de Stuttgarter Pfeiffer no engem graffe Foul déi rout Kaart. Nodeem sech de VFB-Trainer Matarazzo ferm opgereegt huet, krut den Trainer déi Giel-Kaart gewisen. An der 72. krut den Trainer vun de Gäscht eng weider Giel, an ass mat Giel-Rout vum Terrain geflunn. Um Score sollt sech näischt méi änneren, sou dass béid Ekippen 0:0-Gläich spillen.
Werder Bremen - Eintracht Frankfurt 3:4
0:1 Götze (2'), 1:1 Jung (14'), 2:1 Bittencourt (17'), 2:2 Kolo Muani (32'), 2:3 Lindstrom (39'), 2:4 Sow (48'), 3:4 Füllkrug (90+2')
Frankfurt huet immens staark ugefaangen, a louch no 2 Minutten duerch dem Götze säin éischte Gol fir d’Eintracht schnell a Féierung. No enger knapper Véierel Stonn war Bremen dunn och am Match. Bannen dréi Minutten hunn Jung a Bittencourt de Match gedréint. Frankfurt huet sech awer net aus dem Konzept brénge gelooss, an huet senger säits de Match nach virun der Paus duerch Goler vu Kolo Muani a Lindström nee zu hire Gonschte gedréint. Mat enger 3:2 Féierung ass d’Eintracht deemno zu Bremen an d’Paus gaangen. Nom Téi huet Frankfurt do ugefaange wou si opgehalen hunn. Keng 3 Minutten huet et gedauert éier si de Score op 4:2 geschrauft hunn. Bremen huet sech net opginn, an hat e puer Chancen de Match nees oppen ze gestalten. An der Nospillzäit huet de Füllkrug dunn per Eelefmeter den Uschloss nees hiergestallt. Frankfurt huet de Virsprong awer iwwert d’Zäit bruecht a gewënnt an engem rasantem Match mat 4:3 zu Bremen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Aston Villa - West Ham United 0:1
0:1 Fornals (74')
Am Tabellekeller vun der Premier League huet sech West Ham United déi éischten 3 Punkte vun der Saison geséchert. De Gol vum Dag huet de Pablo Fornals an der 74. Minutt markéiert. Béid Ekippen hunn elo 3 Punkten um Konto.
Wolverhampton Wanderers - Newcastle United 1:1
1:0 Neves (38'), 1:1 Saint-Maximin (90')
Laang huet et dono ausgesi wéi wann Wolves géifen als Gewënner vum Terrain goen, dat nodeems de Ruben Neves d’Lokalekipp an der 38. Minutt a Féierung geschoss huet. Newcastle war alles an allem déi besser Ekipp, hat méi Spillundeeler, méi Chancen, an awer huet et bis zur 90 Minutt gedauert bis d’Gäscht sech beloune konnten. De Saint-Maximin huet an der leschter Minutt de verdéngten Ausgläich markéiert. Wolverhampton bleift mat 2 Punkten am Keller, Newcastle steet elo op der 7. Plaz an der Tabell.
Notthingham Forest - Tottenham Hotspur 0:2
0:1 Kane (5'), 0:2 Kane (81')
Notthingham war um Ufank déi besser Ekipp, markéiert huet awer Tottenham. Keen anere wéi den Harry Kane huet d’Gäscht mat engem Schoss aus 17 Meter a Féierung geschoss. Doo ass vun de Spurs net méi vill komm. Nottingham huet et awer net fäerdeg bruecht de Ball an de Filet ze bréngen, sou dass et mat 0:1 an d’Paus gaangen ass. An der 56. Minutt krut Tottenham dunn en Eelefmeter zougesprach, de Kane sollt awer um Golkipp säi Meeschter fannen. Kuerz viru Schluss huet Tottenham a Persoun vum Kane dunn fir d’Entscheedung gesuergt, a gewënnt mat 2:0.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Hellas Verona - Atalanta Bergamo 0:1
0:1 Koopmeiners (50')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
OGC Nice - Olympique Marseille 0:3
0:1 Sanchez (10'), 0:2 Tavares (37'), 0:3 Sanchez (42')
Olympique Marseille ka sech ënnert anerem duerch zwee Goler vum Sanchez mat 3:0 verdéngt zu Nice duerch setzen.
Stade Reims - Olympique Lyon 1:1
1:0 Ito (24'), 1:1 Demeblé (86')
Reims louch duerch e Gol vum Ito an der 24. Minutt laang a Féierung. Lyon huet sech schwéier gedoen an ass eréischt no der Rouder Kaart vum Lopy besser an d’Spill komm. Et huet awer bis zur 86. Minutt gedauert éier den Dembelé de verdéngten Ausgläich markéiert huet. Lyon léisst trotz allem Plommen, a steet elo op der 4. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Getafe - FC Villarreal 0:0