
E Méindeg gouf et am bulgaresche Championnat eng 2:1-Victoire virun den eegene Spectateure fir ZSKA Sofia an den Enes Mahmutovic. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz am Stad-Derby géint den CSKA 1948 Sofia de ganze Match iwwer op der Bänk.
An der Nuecht op e Méindeg huet an der amerikanescher MLS New York City auswäerts mat 1:2 géint Orlando City verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller Maxime Chanot stoung fir d’Gäscht de ganze Match um Terrain.
An engem rasante Match bei deem Emol déi eng, dann nees déi aner Ekipp a Féierung louch, huet de Marvin Martins fir Austria Wien an der 1. Bundesliga an Éisträich 90 Minutten duerch gespillt. Um Enn spillt Klagenfurt géint Austria Wien 3:3-Gläich.
An der héchster Liga an der Belsch stoung de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris wéi gewinnt déi 90 Minutten tëscht de Pottoe vu Royale Union SG. Um Enn ka sech seng Ekipp mat 2:1 géint Anderlecht duerchsetzen. Domadder huet Royale elo 10 Punkten an iwwerhëlt de Géigner vum Match an der Tabell.
E Sonndeg stoung an der 1. däitscher Bundesliga de Mathias Olesen op en Neits an den éischten 11. beim FC Köln. No enger knapper Véierel Stonn huet de Lëtzebuerger Nationalspiller awer wéinst enger Blessur um Fouss ausgewiesselt misse ginn. Fir den Olesen ass den Ondrej Duda agewiesselt ginn. De Match ass um Enn 0:0 ausgaangen.
Den Dirk Carlson stoung an der zweeter Hollännescher Liga bei den Haag bei der 4:0-Victoire géint déi 2. Ekipp vun Ajax Amsterdam net am Kader.
A Schweden huet ALK Stockholm 2:2 géint Hammarby gespillt. De Vincent Thill huet wéinst senger rouder Kaart vu leschter Woch gefeelt.
An der englescher Championship geléngt Norwich City mam Danel Sinani eng weider Victoire beim AFC Sunderland. Mat 1:0 konnt sech d’Ekipp vum Lëtzebuerger duerchsetzen, dee vun Ufank u gespillt huet an no 60 Minutten op der Bänk Plaz geholl huet.
Fir Mainz mam Leandro Barreiro gouf et beim 0:3 géint Leverkusen déi éischt Defaite an dëser Bundesligasaison. De lëtzebuergesche Nationalspiller ass an der 66. Minutt beim Stand vun 0:3 agewiesselt ginn.
Borussia Mönchengladbach hält an der Allianz Arena géint d’Bayern gutt dogéint a spillt um Enn 1:1. Den Yvandro Borges war nees am Kader a souz 90 Minutte laang op der Bänk. Gladbach läit mat 8 Punkten aus 4 Matcher elo op Plaz 6.
An der 2. Bundesliga huet Hansa Rostock mam Sébastien Thill sech misse mat 0:2 zu Karlsruhe geschloe ginn. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an ass an der Hallschent ausgewiesselt ginn. Rostock huet elo 9 Punkten aus 6 Matcher.
An der drëtter Liga an Däitschland gouf et fir Waldhof Mannheim eng 0:1-Néierlag bei Elversberg. De Laurent Jans huet op Säite vu Mannheim déi 90 Minutten duerchgespillt a kuerz no der Paus déi giel Kaart gewise krut.
Sparta Rotterdam konnt an der Eredivisie bei de Go Ahead Eagles eng 1:0-Victoire feieren. De Mica Pinto stoung de ganze Match iwwer um Terrain an huet kuerz viru Schluss déi giel Kaart kritt. Et ass déi éischt Victoire fir Rotterdam um 4. Spilldag vun der neier Saison.
Den RFC Seraing hat doheem keng Chance géint Genk an huet mat 0:4 verluer. De jonken Timothy Martin stoung net am Kader vu Seraing, déi mat 3 Punkten no 6 Partien op der leschter Plaz an der 1. belscher Liga bleiwen.
An der zweeter norwegescher Liga gouf et fir Kongsvinger eng 0:1-Heemnéierlag géint Stabaek. De Lars Gerson op Säite vun der Lokalekipp souz de ganze Match iwwer op der Bänk. Kongsvinger bleift duerch dës Defaite no 22 Partien op der 9. Plaz an der Tabell.
A Saudi-Arabien huet déi nei Saison ugefaangen. De Gerson Rodrigues spillt do fir Al Wehda an um 1. Spilldag gouf et eng 0:1 Néierlag géint Al Nasr Riyadh. De Rodrigues gouf an der 90. Minutt ausgewiesselt.
E Freideg gouf et an der 2. portugisescher Liga déi drëtt Victoire an dëser Saison fir Vilafranquense. Fir de Kont vum 4. Spilldag huet ee sech virun den eegene Spectateure mat 1:0 géint CD Feirense behaapt. Den Eric Veiga stoung an der Startformatioun a gouf an der 84. Minutt ausgewiesselt.