FuttballGegléckte Première fir de Laurent Jans mat Paderborn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend hat de Laurent Jans am Frëndschaftsmatch géint den Dellbrücker SC säin 1. Asaz beim Bundesligist Paderborn.
© SC Paderborn

Zanter en Donneschdeg ass de Wiessel vum Laurent Jans vum FC Metz bei den SC Paderborn an dréchenen Dicher. E Freideg hat de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp scho säin éischten Asaz. Am Frëndschaftsmatch beim Dellbrücker SC huet de Jans 66 Minutte gespillt an huet an der 49. Minutt de 5:0 vum Shelton preparéiert.

Paderborn huet de Match mat 7:0 gewonnen.

RTL-Artikel: Vu Metz op Paderborn - Laurent Jans: E Kandheetsdram geet an Erfëllung

Back to Top
CIM LOGO