
Elo ass et offiziell. De Gérard Lopez huet mat enger Gesellschaft mat Lëtzbuerger Partner de Futtballclub vu Muscron aus der Jupiler League, der éischter belscher Divisioun kaf.
De President vu Lille huet drop higewisen, dass hien de belsche Club net mat sengem franséische Veräin iwwerholl huet. Dat soll awer natierlech och net verhënneren dass et Connectioune tëscht béide Clibb wäerte ginn.
Mouscron wäert awer e Club fir sech sinn, deen och capabel ass mat engem Mix aus jonken an experimentéierte Spiller, sech an der héchster Divisioun an der Belsch ze halen a laangfristeg weider Ambitioune ze hunn.