FuttballGëtt den Emilio Ferrera neien Trainer beim F91?

RTL Lëtzebuerg
Eisen Informatiounen no, kéint et gutt sinn, datt den Emilio Ferrera d’nächst Saison beim Lëtzebuerger Futtball-Champion op der Bänk sëtzt.
© RTL Archivbild

Den 51 Joer ale Belsch war virun 2 Joer fir d’lescht Cheftrainer bei OH Leuven an der Divisioun 1B.

En Donneschdeg hat den F91 seng Generalversammlung, wou annoncéiert gouf, datt op der Pressekonferenz e Samschdeg 15. Juni genee matgedeelt gëtt, wéi et bei den Diddelenger virugeet.

Nom Depart vum Trainer Dino Toppmöller op Virton, war an der Forge du Sud jo och den Numm vum Henri Bossi, fir op d‘Trainerbänk zirkuléiert. Mat deem Gedanken hätte sech awer eng Rei Leit zu Diddeleng schwéier gedoen.

Back to Top
CIM LOGO