Biathlon-WMGold fir d'Häre-Staffel aus Norwegen

RTL Lëtzebuerg
Bei de Biathlon-Weltmeeschterschaften zu Pokljuka a Slowenien stoung e Samschdeg d'Staffel-Course bei den Dammen an den Hären um Programm.
© AFP

Vun Ufank un hunn d’Norweger d’Course bei den Hären dominéiert an hunn d’Féierung bis zum Schluss net méi hier ginn. Hannen drun goufen awer vill Feeler geschoss a vill Natiounen hunn ëm de Podium gekämpft. Um Enn war Sëlwer fir Schweden a Bronze fir Russland.

No 4 Mol 6 Kilometer gouf et um Enn Gold fir d’Dammen aus Norwegen. Däitschland kënnt in extremis op Plaz 2 an d’Ukrain kritt Bronze.

Back to Top
CIM LOGO