
Den éischte Saz goung kloer un de Russ, deen aus engem 0:1-Réckstand eng 6:2-Victoire gemaach huet. Dono war et am zweete Saz en hin an hier. Laang war den Nadal vir, ma zum Schluss konnt de Medvedev de Saz dréinen a mat 7:6 fir sech entscheeden.
Alles hat Ufank vum drëtte Saz no enger Victoire vum Russ ausgesinn, ma den Nadal konnt sech zeréckkämpfen an zum Schluss dëse Saz kloer 6:4 gewannen an op 1:2 an de Sätz verkierzen. Nom véierte Saz, wou den Nadal seng ganz Klass gewisen huet an deen hien och mat 6:4 gewanne konnt, war dunn nees alles op an d’Entscheedung huet missten am leschte Saz falen.
An hei ass dem Nadal beim Stand vun 2:2 e Break gelongen, esou datt hien elo alles selwer an der Hand hat, fir de Match ze gewannen. De Spuenier hat dann och beim Stand vu 5:4 an eegenem Service d’Chance, fir de Sak zouzemaachen, ma do ass dem Medvedev e Break gelongen an et stoung 5:5. Ma dem Nadal ass direkt e Re-Break gelongen an hat also op en Neits d’Chance, mat eegenem Service alles kloer ze maachen. An déi Kéier huet hien d’Nerve behalen an de Match gewonnen an domat och säin historeschen 21. Grand Slam.
Mat sengem zweeten Titel bei den Australien Open ass de Spuenier elo ee vu véier Spiller, Laver, Emerson an Djokovic, deen déi véier Grand-Slamen, Australien, USA, Frankräich, Groussbritannien, op d’mannst zwee Mol gewanne konnt. Weider ass dëst och schonn déi 21. Victoire bei engem Grand Slam fir de Rafael Nadal. Dat dogéint ass e Rekord. De Roger Federer an den Novak Djokovic hunn der 20.
Laang war dogéint net sécher, ob hien an Australien iwwerhaapt konnt untrieden. 6 Méint laang hat den Nadal mat enger Foussverletzung ze kämpfen, déi hie scho jorelaang mat sech schleeft.