
Bayer hat gutt ugefaang, mee d’TSG huet an der 10 Minutt direkt déi éischt Golchance dragemaach duerch ee Schoss vum Belfodil. 7 Minute méi spéit war et d’Äntwert vu Leverkusen mat engem Kappball vum Volland: 1:1.
An der 2. Halschent war et den 2:1 duerch ee Selbstgol vum Bender an der 51., een zweete Gol vum Belfodil an der 61., also 3:1, an d’Entscheedung duerch de 4:1 vum Kramaric an der 79. Minutt. Endresultat: 4:1.