
Nom geckegen 3:3-Remis vun der Berliner Hertha géint Düsseldorf um Freideg stoung um Samschdeg d’Suite vum 24. Spilldag an der däitscher Bundesliga um Programm. Aus Lëtzebuerger Siicht koum et zum Duell tëscht Mainz a Paderborn, wou mam Leandro Barreiro a mam Laurent Jans direkt zwee Lëtzebuerger um Terrain stoungen.
Dat ronnt Lieder ass och an den aneren europäesche Championnater gerullt. An England huet Liverpool um 28. Spilldag iwwerraschend fir d’éischte Kéier verluer.
Köln - Schalke
1:0 Bornauw (9'), 2:0 Cordoba (39'), 3:0 Nübel Selbstgol (75')
Zu Köln war et d’Lokalekipp, déi als éischt Ekipp offensiv Akzenter setze konnt. An der 7. Minutt war de Ball dunn och déi éischte Kéier am Filet, ma den Arbitter hat dës Aktioun zu Recht zréckgepaff. Nëmmen 2 Minutte konnte sech d’Supporter vu Köln dann awer freeën. No engem Fräistouss vum Kainz war de Bornauw am héchste gesprongen a konnt de Ball mam Kapp iwwert d’Linn drécken. Schalke konnt sech vun dësem Schock net erhuelen an hat weiderhi vill Feeler am Spill. An der 39. Minutt war et dunn de Cordoba, dee fir d’Haushären erhéije konnt. De Stiermer konnt sech am Strofraum duerchsetzen a war virum Gol äiskal.
Nom Téi waren déi Kinneksblo beméit, de Réckstand ze verkierzen, ma dëst sollt hinnen awer net geléngen. An der 75. Minutt stoung dunn de Nübel am Schalker Gol am Mëttelpunkt. De jonke Golkipp konnt ee Schoss aus spatzem Wénkel just nach an den eegene Gol deviéieren a soumat d’Néierlag net verhënneren.
Um Enn verléiert Schalke däitlech mat 0:3 géint Köln.
Dortmund - Freiburg 1:0
1:0 Sancho (15')
De BVB konnt doheem am Signal Iduna Park direkt mat der éischter Geleeënheet d’Féierung markéieren. No enger Pass vum Hazard stoung den Englänner Sancho an der Mëtt ze fräi a konnt seng Faarwe soumat feiere loossen. No der Féierung huet d’Lokalekipp de Match probéiert ze verwalten, a sou hate si och ee klore Plus u Ballbesëtz, ma grouss Geleeënheete gouf et allerdéngs keng, a sou goung et och mat der knapper Féierung an d’Paus.
No der Paus waren déi Schwaarz-Giel weiderhi beméit, de Match ze dominéieren, ma d’Gäscht vu Freiburg hunn dogéint gehalen, ouni sech allerdéngs belounen ze kënnen. An der 75. Minutt konnt de Petersen sech mam kapp duerchsetzen, ma de Piszcek konnt de Ball nach am leschte Moment virun der Linn klären.
Um Enn sollt Dortmund déi dräi Punkten also doheem behalen a sech mat 1:0 behaapten.
Mainz - Paderborn 2:0
1:0 Quaison (29'); 2:0 Onisiwo (37')
Scho virum Match war d’Duell tëscht Mainz a Paderborn aus Lëtzebuerger Siicht eppes Besonnesches. Fir déi éischte Kéier stounge sech an der Bundesliga mam Leandro Barreiro (Mainz) a mam Laurent Jans (Paderborn) zwee Lëtzebuerger géigeniwwer.
An der Ufanksphas waren et d’Gäscht, déi den optesch besseren Androck hannerloosse konnten, ma no knapp enger hallwer Stonn war et Quaison, deen d’Mainzer iwwerraschend a Féierung bruecht hat. No enger Pass vum Leandro Barreiro war et de Stiermer vu Mainz, deen aus 18. Meter ofgezunn hat an dem Zingerle keng Chance gelooss hat.
Dëse Gol schéngt d’Gäscht a Schock versat ze hunn. An der 37. Minutt konnt den Onisiwo d’Defense iwwerraschen an op 2:0 erhéijen.
Paderborn war nom Säitewiessel beméit, de Score ze dréinen, ma d’Ekipp vum Laurent Jans, deen an der 72. Minutt ausgewiesselt gouf, war um Enn awer ze ongeféierlech a sou konnt Mainz wichteg dräi Punkte géint den Ofstig sammelen.
Op der offizieller Pressekonferenz nom Match goufe béid Lëtzebuerger fir hir Leeschtunge gelueft.
Hoffenheim - Bayern 0:6
0:1 Gnabry (2'); 0:2 Kimmich (7'); 0:3 Zirkzee (15'); 0:4 Coutinho (33'), 0:5 Coutinho (46'), 0:6 Goretzka (62')
Den däitsche Rekord-Champion aus München hat géint Hoffenheim eng excellenten Ufanksphas. No nëmmen 2 Minutte konnt de Gnabry déi Rout a Féierung bréngen. Bei sengem Schoss aus spatzem Wénkel hat de Baumann am Gol vun Hoffenheim keng all ze gutt Figur gemaach. D’Lokalekipp hat an den éischte Minutte näischt entgéint ze setzen a sou war et an der 7. Minutt de Kimmich, deen op 2:0 stelle konnt.
No enger véierel Stonn konnt de jonken Zirkzee ewell vir eng Virentscheedung suergen. No enger Pass vum staarke Kimmich an de Réckraum war et den Zirkzee, deen d’Nerve behale konnt.
Nodeems de Coutinho an der 33. Minutt markéiere konnt, war de Match no gutt enger hallwer Stonn ewell entscheet.
Nom Téi koumen d’Bayern op en Neits mat Vollgas aus der Kabinn. Um Enn war et de Coutinho, dee mat sengem zweete Gol op 5:0 gestallt hat.
De Schlusspunkt war fir de Goretzka, deen an der 62. Minutt d’hallef Dose voll maache konnt.
De Match huet duerno allerdéngs missen ënnerbrach ginn, dëst well et zu Äusserunge géint den Dietmar Hopp koum. Nodeems de Match erëm ugepaff gouf, hu béid Formatiounen de Ball just nach hin an hier gepasst, ma Fussball gespillt gouf awer kee méi. Soumat séchert sech bayern kloer an däitlech déi dräi Punkten, et bleift allerdéngs ee battere Nogoût.
Augsburg - Gladbach 2:3
0:1 Bensebaini (49'). 0:2 Stindl (53'), 1:2 Löwen (57'), 1:3 Stindl (79'), 2:3 Finnbogason (83')