
An der 3. däitscher Bundesliga koumen direkt 3 Veräiner zum Asaz wou Lëtzebuerger mat am Coup waren. De Jeff Saibene gewënnt als Trainer vun Ingolstadt och säin zweete Match mat 3:2 géint Duisburg.
De Maurice Deville spillt mat Waldhof Mannheim den 2. Match gläich an trënnt sech doheem mat engem 0:0 géint Meppen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwert déi 90 Minutten um Terrain.
D’Ekipp vum Geschäftsmann Flavio Becca aus Kaiserlslautern konnt sech auswäerts mat 3:1 géint Großaspach duerchsetzen.
A Russland stoung den Olivier Thill mat Ufa um Terrain a konnten eng 2:1-Victoire géint Sovetov Samara feieren. An der 83. Minutt gouf de Lëtzebuerger ausgewiesselt.
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg war de Maxime Chanot mat New York City géint Kansas City am Asaz a konnt sech mat 3:1 duerchsetzen. De Lëtzebuerger stoung iwwert déi ganz Zäit um Terrain a krut an der 45. Minutt krut en eng giel Kaart.
E Freideg den Owend hat de Vincent Thill säin éischten Asaz fir Orléans an der Ligue 2 a Frankräich. Um 1. Spilldag gouf et auswäerts een 0:0-Gläichspill géint d’AS Nancy. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun a gouf an der 85. Minutt ausgewiesselt.