Lëtzebuerger Futtballer am AuslandJeff Saibene spillt mat Ingolstadt 0:0 géint Kaiserslautern

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend stounge sech an der 3. däitscher Liga den FC Ingolstadt an den 1. FC Kaiserslautern géigeniwwer.
© AFP

Nodeems d’Ekipp vum Jeff Saibene déi éischt zwee Matcher vun der Saison gewanne konnt, huet ee sech en Dënschdeg den Owend mat engem Remis am Spëtzematch géint Kaiserslautern missen zefridde ginn. Aus Siicht vun Ingolstadt, déi elo mat 7 Punkten aus 3 Match er op der zweeter Plaz hannert Braunschweig stinn, krut de Keller an der 80. Minutt eng rout Kaart. Lautern steet op Plaz 3 mat 5 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO