
Nodeems sech d’Jenny Warling e Freideg fir déi kleng Finall qualifizéiert hat, ass si um Sonndeg am Match fir déi drëtt Plaz an der Kategorie -55 kg ugetrueden.
Am Stade Pierre de Coubertin konnt déi 27 Joer al Lëtzebuergerin géint d’Marija Luize Muizniece aus Lettland duerch eng 2:0-Victoire d’Bronzemedail gewannen. Fir d’Sportlerin aus dem COSL-Elite-Kader ass dës Placéierung e gudden Optakt an dat neit Joer.