EM-QualifikatiounJoachim a Philipps wéinst Blessuren aus dem Kader gestrach

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'FLF de Kader fir déi nächst 2 EM-Qualifikatiounsmatcher géint Litauen an d'Ukrain bekannt ginn.

5 Spiller hu fir déi zwou Auswäertspartien an der Europameeschterschaftsqualifikatioun de 7. Juni a Litauen an den 10. Juni an der Ukrain aus dem 28 Mann staarke Kader vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp misse gestrach ginn.

De Chris Philipps (Legia Warschau) an den Aurélien Joachim (Excelsior Virton) goufe wéinst enger Blessur aus dem Kader gestrach. De Mario Mutsch huet ee Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn an da goufen och déi jonk Nowuessspiller Clayton Duarte (FC Metz) an de Seid Korac (Nürnberg) net zeréckbehalen.

D’Profien Chanot, Gerson, Oli Thill a Rodrigues kommen elo no de Partië mat hire Veräiner um Weekend, nees bei d’FLF-Formatioun dobäi.

De Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp:

Gol:
Moris, A (Excelsior Virton)
Schon, R. (UNA Stroossen)
Kips, T. (Magdeburg)

Defense:
Jans, L. (FC Metz)
Jänisch, M (Déifferdeng 03)
Mahmutovic, E. (Middlesbrough)
Carlson, D. (Grasshopper Zürich)
Chanot, M. (New York City)
Selimovic, V. (Apollon Limassol)
Gerson, L. (Norrköping)
Malget, K. (F91 Diddeleng)
Martins, Marvin (Nidderkuer)

Mëttelfeld:
Thill, V. (Pau)
Barreiro, L. (Mainz)
Sinani, D. (F91 Diddeleng)
Thill, O. (Ufa)
Skenderovic, A. (Elversberg)
Martins, Ch. (ESTAC)
Holtz, K. (Etzella)

Stuerm:
Turpel, D. (F91 Diddeleng)
Bensi, S. (Fola Esch)
Da Mota, D. (Racing)
Rodrigues, G. (Jubilo Iwata)

Back to Top
CIM LOGO