
Lyon - Dijon 1:3
Schonn no 1 Minutt ass Lyon mat 1:0 duerch e Gol vum Terrier a Féierung. Mee och Dijon wollt an dësem Match net laang ofwarden an huet mat 2 weideren séiere Goler vum Said (3.’, 7.’) de Match nees gedréint. Dono ass et bei Lyon net richteg gerullt an an der 65. Minutt huet de Rafael e Selbstgol fir den 1:3 geschoss.
Guingamp - Monaco 1:1
An der 23. Minutt konnt Guingamp mat 1:0 duerch den Eboa Eboa a Féierung goen. Dono huet et laang no enger Néierlag ausgesinn mee an der 3. Minutt vun der Nospillzäit huet de Jovetic mat sengem Gol nach 1 Punkt gerett.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Barcelona - Atletico Madrid 2:0
Ereischt ganz zum Schluss vum Match konnt Barcelona de Match entscheeden an dat obwuel Atletico schonn zënter der 28. Minutt nëmme nach mat 10 Mann um Terrain stoung. Den Diego Costa krut déi rout Kaart wéinst onsportlechem Verhalen. An der 85. Minutt war de Suarez deen d’Heemekipp mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Nëmmen 2 Minutte méi spéit war et de Messi selwer deen dëse Match entscheet huet.
Real Madrid - Eibar 2:1
Duerch 2 Goler vum Karim Benzema (59.’, 81.’) konnt Real Madrid nach de Match géint Eibar dréinen nodeem se an der 39. Minutt duerch Gol vum Cardona a Réckstand gerode waren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Juventus Turin - AC Mailand 2:1
Am Spëtzematch an Italien ass de Rekordchampion vun der Juventus op de groussen AC Milan getraff. De Gäscht ass et gelongen an der 39. Minutt duerch e Gol vum Piatek a Féierung ze goen. No 60 Minutten huet den Dybala per Eelefmeter den 1:1 geschoss éier de jonken Moise Kean, deen an de leschte Wochen io an enger exzellenter Form ass, an der 84. Minutt den 2:1 geschoss huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga