
De Match, deen den däitsche Magazin Focus “Retterspiel” genannt hat, gouf virun ausverkaafter Kuliss gespillt: 48.500 Leit hunn am Fritz-Walter-Stadion gesinn, wéi den Hendrick Zuck an der 9. Minutt den 1:0 fir déi rout Däiwele geschoss huet. Eréischt an der 80. Minutt konnt de Robert Lewandowski den 1:1 schéissen.
Dobäi ass et och bliwwen, also FCK-FCB 1:1.
Op béide Säite gouf vill gewiesselt.
De leschte Samschdeg hat München jo den däitsche Pokal gewonnen, ma och den 1. FC Kaiserslautern hat e Samschdeg Grond, sech ze freeën, duerch en Eelefmeter an der 90. Minutt konnt Lautern nämlech d’Finall vum Verbandspokal géint VfR Wormatia Worms mat 2:1 gewannen an ass domat déi nächste Saison am DFB-Pokal mat derbäi.
Datt Bayern dem Veräin aus der 3. Liga “hëllefe” goung, hat de Karl-Heinz Rummenigge esou begrënnt: Laang Joren hätt et intensiv an am Réckbléck och legendär Matcher vum FC Bayern zu Kaiserslautern ginn. De Futball géif vun Emotioune liewen awer och vu sportlecher Solidaritéit.
Fir datt den FCK eng Lizenz fir déi 3. Liga kritt, hat een en Deal mam lëtzebuergeschen Investisseur Flavio Becca gemaach, deen dem Focus no elo mol 2,6 Milliounen Euro zur Verfügung stelle géif.