
Am éischten Duerchgang war et eng souverän Performance vum Katharina Liensberger. D’Éisträicherin hat nom 1. Laf 30 Honnertstel Avance op d’Petra Vlhova an 1 Minutt a 24 Honnertstel Virsprong op d’Wendy Holdener. D’Mikaela Shiffrin hat schonns e Retard vun 1 Sekonn an 30 Honnertstel.
Am zweete Laf gouf et du mam Andreja Slokar eng riseg Iwwerraschung, déi sech bis op d’Plaz 5 no vir schaffe konnt. Gold goung un d’Katharina Liensberger, déi hir Avance nach eemol ausbaue konnt an esou souverän Gold gewënnt 1 Sekonn virum Petra Vlhova. Bronze goung un d’Mikaela Shiffrin aus den USA mat engem Retard vun 1 Sekonn an 98 Honnertstel.