
De Schisprénger Ryoyu Kobayashi ass e Samschdeg mat de schwierege Wiederverhältnisser beim Weltcup zu Willingen am beschten eens ginn an huet sech d’Victoire geséchert.
De Japaner ass bei 145 Meter an 115,6 Punkte gelant an huet déi zwee Norweger Halvor Egner Granerud (143 Meter/111,6 Punkten) a Marius Lindvik (137/107) op d’Plazen 2 an 3 verwisen.
Wéinst dem schlechte Wieder gouf d’Kompetitioun no engem Duerchgang ofgebrach.