Mainz 05Leandro Barreiro iwwer éischt komplett Saison an der 1. Bundesliga

Franky Hippert
Hien ass wuel dat gréisst Lëtzebuerger Talent, dat sech schonn am Profifuttball etabléiert huet.

Den 20 Joer ale Leandro Barreiro huet beim FSV Mainz 05 seng éischt komplett Saison an der éischter Däischter Bundesliga hannert sech. 32 vun 34 Matcher war de Mëttelfeldspiller am Kader vun der éischter Ekipp.

De Leandro Barreiro iwwert seng 1. komplett Saison

An dobäi huet de Leandro Barreiro an 11 Matcher ugefaangen a gouf 7 mol agewiesselt. Bis de 7. Spilldag, dat heescht de 5. Oktober géint Paderborn, huet de 20 Joer alen FLF-Nationalspiller missen ënnert dem Trainer Sandro Schwartz waarden, fir an der Saison, eng éischte Kéier um Terrain ze stoen. Dunn no der Wanterpaus, an ënnert dem neien Trainer Achim Beierlorzer goufen et och méi Asätz:

Eng interessant Saison, ech hunn nei Erfarunge gemeet. Am Ufank hunn ech net vill gespillt. Ech hu probéiert, iwwer gutt Traininger mech an d’Equipe ze spillen, Et huet awer net esou geklappt.. Dat war fir mech eng nei Erfarung. Dunn nom Trainerwiessel krut ech méi ze spillen. Dat huet mer gutt gedoen.

Am Ganze stoung de Leandro Barreiro, dee mat 16 Joer schonn éischt Equipe zu Ierpeldeng gespillt hat, dës Saison 936 Minutten an der éischter Bundesliga um Terrain. Trotz sengem jonken Alter huet de 16-fachen FLF-Nationalspiller schonn eng zolidd Presenz an de Matcher a weist mat senger Spillintelligenz an senger Technik, wat fir e Potenzial an him stécht. Natierlech ass den defensive Mëttelfeldspiller elo emol am gaangen, d’Profiwelt kennenzeléieren:

Jo, dëst Joer hunn ech a ville Stadien gespillt an Däitschland. Et ass flott fir ze gesinn, wéi déi verschidde Fans sinn. Elo no der Coronapaus hunn d’Spiller op der Bänk och misse méi fir d’Ambiance suergen.

Zum Schluss vun der Saison war et fir Mainz nach eng Kéier spannend ginn. Ënnert dem Stréch konnt ee sech no 34 Spilldeeg awer op der 13. Plaz an der Tabell, an enger Avance vu 6 Punkten op d’Relegatiounsplaz awer an der éischter Futtballbundesliga halen an do hat de Leandro Barreiro bei sengen 18 Asätz och säin Undeel drun.

Back to Top
CIM LOGO