
Fir d’Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp gouf et e Méindeg eng weider Néierlag an der EM-Qualifikatioun. Zu Déifferdeng hunn déi jonk Rout Léiwe sech géint Italien misse mat 0:3 geschloe ginn.
An der Paus louchen d’Gäscht no Goler vu Vignato (20') a Pellegri (33') mat 2:0 a Féierung. An den zweete 45 Minutten huet de Gaetano (54') fir d'3:0-Schlussresultat gesuergt. Op Lëtzebuerger Säit hat de Rupil an der Nospillzäit nach bal den 1:3 geschoss. Säi Fräistouss ass awer um Potto hänke bliwwen.
No 9 Matcher an der EM-Qualifikatioun huet Lëtzebuerg am Grupp F 1 Punkt a steet op der leschter Plaz. Leader ass Italien mat 20 Punkten. Irland, dat e Méindeg de Montenegro mat 3:1 geklappt huet, huet 19 Punkten.