
Am Futtball huet d’Lëtzebuerger U21-Nationalekipp e Freideg den Owend auswäerts mat 0:3 géint Montenegro verluer. Domadder schléissen d’Lëtzebuerger d’EM-Qualifikatioun am Grupp F op der leschter Plaz mat engem Punkt of. Wie sech am Grupp qualifizéiert steet nach net fest. Eréischt en Dënschdeg spillen de Leader Italien an den Zweeten Irland géinteneen.
De Match hat fir déi jonk Rout Léiwen direkt ganz schlecht ugefaangen. An der éischter Minutt huet den Arbitter nämlech schonn een Eelefmeter zu Gonschte vum Montenegro gepaff. De Lëtzebuerger Golkipp Tim Kips konnt de Ball net richteg klären an huet dunn e géigneresche Spiller am Strofraum vun de Been geholl. Den Dukanovic huet sech der Saach vum Punkt ugeholl an op 1:0 gesat. No 10 Minutte konnten d’Haushären duerch de Babic op 2:0 erhéijen. Fir d’Schlussresultat huet de Krivokapic mam 3:0 an der 56. Minutt gesuergt.