Champions LeagueLiverpool klappt Leipzig, PSG wënnt kloer zu Barcelona

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg waren déi éischt Partie vun den Aachtelsfinallen an der Champions League.

RB Leipzig - FC Liverpool
0:1 Salah (53'), 0:2 Mané (58')

Net doheem, ma an der Puskas Arena zu Budapest huet Leipzig den FC Liverpool empfaangen, dëst, well d’Englänner duerch d’Corona-Mesuren net kuerzfristeg konnten an Däitschland reesen, fir de Match ze spillen. En éischten Highlight gouf et no 5 Minutten, wéi d’Leipziger Haidara a Mukiele béid Giel gesinn hunn, datt wéinst engem Foul respektiv onsportlechem Verhalen. Liverpool hat an dëser Hallschent däitlech méi vum Match, esouwuel mat Ballbesëtz wéi och Schëss ugeet, ma bei hinnen huet einfach d’Prezisioun gefeelt. Och Leipzig konnt aus hire Chance wéineg maachen, esou datt et hie mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.

Leipzig-Liverpool: Highlights vun der 1. Hallschent
Um Dënschdeg waren déi éischt Partien vun den Aachtelsfinallen an der Champions League.

Kuerz nom Säitewiessel du konnt Liverpool markéieren. Ausgangspunkt war eng schlecht Réckpass vum Sabitzer, déi net bei sengem Matspiller ukomm ma vum Salah konnt erlaf ginn, deen dem Gulacsi am Gol keng Chance gelooss huet.

Champions League Leipzig-Liverpool 0:1 Salah (53')
De Stiermer vum FC Liverpool konnt vun engem Feeler vun der Defense profitéieren.

De Knuet schéngt bei Liverpool geplatzt ze sinn, well 5 Minutte méi spéit, an der 58. Minutt, huet de Mané e Stellungsfeeler vun engem Defenseur ausgenotzt, fir bal vun der Mëtt vum Terrain eleng op de Gol ze zéien an den 2:0 ze markéieren.

Champions League Leipzig Liverpool 0:2 Mané (58')
Och beim zweete Gol a kuerzer Zäit huet d’Defense vun den Däitschen alles anescht, wéi gutt ausgesinn.

Leipzig hat dunn an der 62. Minutt eng gutt Chance, ma en Defenseur huet sech in extremis nach tëscht Ball a Gol konnte geheien. Leipzig huet an de Minutten nom 0:2 probéiert, sech méi Chancen erauszespillen an de Match nach ze dréinen, ma et sollt hinnen awer net geléngen. Och Liverpool konnt keng vun hire Chancë méi notzen.

Leipzig-Liverpool: Highlights vun der 2. Hallschent
Nodeem an den éischte 45 Minutte keng Goler gefall waren, sinn der nom Säitewiessel direkt zwee a kuerzer Zäit gefall.

FC Barcelona - Paris Saint Germain
1:0 Messi (28',p), 1:1 Mbappé (32'), 1:2 Mbappé (65'), 1:3 Kean (70'), 1:4 Mbappé (85')

An der éischter Hallschent war et e statistesch gesinn zimmlech ausgeglachene Match. Paräis hat zwar méi de Ball, ma Barcelona hat méi Golchancen. Notze konnt dunn de Messi eng an der 28. Minutt. 2 Minutte virdrun war de Kurzawa engem Géigespiller am Siechzéngmeter hannen an d’Féiss gelaf an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. No engem kuerze VAR-Moment gouf de Penalty dunn ausgefouert. Den Navaz war wuel am richtegen Eck, ma dem Messi säi Ball war héich genuch geschoss, datt de Keeper vu Paräis net drukoum. 1:0 fir d’Heemekipp. Ma Paräis huet séier geäntwert. 4 Minutte méi spéit spillt de Verratti de Mbappé schéi fräi an de jonke Fransous danzt säi Géigespiller aus an huet de Ball dunn uewe Lénks an den Eck geschoss. Keng Chance fir den Ter Stegen. Mam Gläichstand goung et zu Barcelona an d’Paus.

An den éischte 15 Minutte nom Säitewiessel hat Barcelona dunn zwar méi Ballbesëtz, Paräis awer méi Chancen. An der 65. Minutt du gouf eng Flank vu riets erabruecht a vun der Defense vu Barcelona ofgewiert. Dat awer direkt virun d’Féiss vum Mbappé, deen domadder säin zweete Gol verwandele konnt. Och hei gouf de VAR nees ageschalt, ma den Arbitter huet de Gol ziele gelooss.Et war net de Moment vun der Defense vu Barcelona. Den 2:1 opgeluecht a beim 3:2 hu se du bei engem Fräistouss vum Paredes de Kean eleng gelooss. Dee konnt dunn aus enge 6 Meter de Ball onbedrängt mam Kapp markéieren. Et sollt nach méi uerg fir d’Heemekipp kommen. Am Ugrëff hu se an der 85. Minutt de Ball verluer an dunn ass et séier gaangen. 3 Spiller vum PSG géint 2 Verteideger vu Barcelona. Den Draxler huet d’Verteideger gebonnen a konnt dunn de Ball op seng lénks Säit erausginn, wou den Mbappé fräi zum 4:1 ofschléisse konnt. Barcelona konnt net nach eng Kéier verkierzen, esou datt si doheem eng kloer 1:4 Néierlag mussen astiechen.

Resumé: FC Barcelona - Paris Saint-Germain
Eng kloer Victoire gouf et auswäerts fir d’Ekipp aus der franséischer Haaptstad.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO