Internationale FuttballMainz klappt Köln am Kellerduell, Leicester mat historescher Victoire

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet fir den Optakt vum 9. Spilldag an der däitscher Bundesliga Mainz mat 3:1 géint Köln gewonnen. De Barreiro souz bei de Mainzer op der Bänk.
© AFP

Ënnert anerem an der Bundesliga, an der Ligue 1 an an der Premier League gouf e Freideg den Owend Futtball gespillt.

Bundesliga

1. FSV Mainz 05 - 1. FC Köln 3:1

Duerch eng 3:1-Victoire géint den 1. FC Köln steet Mainz an der provisorescher Tabell elo op kenger Ofstigsplaz méi. Si sinn déi 13. Den FC steet op der Relegatiounsplaz. De Lëtzebuerger Leandro Barreiro souz bei Mainz 90 Minutten op der Bänk.

RTL-Artikel: Den Iwwerbléck mat de Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDéi Kölner waren an der 14. Minutt duerch den Terodde mat 1:0 a Féierung gaangen. Dësen Avantage vun de Gäscht sollt awer net laang halen. An der 21. Minutt war et de Boetius, dee fir d’Lokalekipp ausgeglach huet. No der Paus hunn de Quaison an der 57. Minutt an den Öztunali fir d’Entscheedung gesuergt. Den FSV hat an der 67. Minutt allerdéngs och Gléck. Den Niakhate hat no enger Flank de Ball am Strofraum widder d’Hand kritt, ma no Videobeweis huet den Arbitter sech awer géint een Eelefmeter decidéiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Southampton - Leicester City 0:9

An England huet Leicester City de Match zu Southampton dominéiert. An Iwwerzuel huet ee sech mat 9:0 duerchgesat. Leicester huet domadder de Rekord vun der héchster Victoire an der Premier League agestallt. Manchester United hat 1995 och mat 9:0 géint Ipswich Town gewonnen.

D’Gäscht hate schonn an der éischter Hallschent fir kloer Verhältnisser gesuergt. Duerch Goler vum Chilwell (10'), dem Tielemans (17'), dem Perez (19' an 39') an dem Vardy (45') loung een an der Paus mat 5:0 a Féierung. Southampton, déi duerch eng Rout Kaart vum Bertrand an der 12. Minutt an Ënnerzuel waren, hunn och an den zweete 45 Minutte kee Fouss op de Buedem kritt. Duerch weider Goler vum Perez (57'), dem Vardy (58' an 90'+4') an dem Maddison (85') huet Leicester um Enn kloer mat 9:0 gewonnen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

FC Nantes - AS Monaco 0:1

Am Franséische Championnat huet sech e Freideg den Owend Monaco dräi Punkte beim FC Nantes geséchert. Den decisive Gol hat de Ben Yedder an der 22. Minutt geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO