
An der 16. Minutt huet de Sancho den 1:0 fir Manchester geschoss. An der 53. Minutt konnt de Rashford op 2:0 erhéijen. An der 81. Minutt konnt de Salah nach emol op 1:2 verkierzen, ma et ass um Enn bei deem Score bliwwen. Manchester United huet domat seng éischt 3 Punkten no 3 Spilldeeg um Kont a steet an der Tabell elo op Plaz 14.
Fir Liverpool leeft et nach net wéi et soll. Si hunn no 3 Spilldeeg 2 Gläichspiller an eng Néierlag, wouduerch se mat 2 Punkte just op der 16. Plaz an der Tabell stinn. Leader ass den FC Arsenal mat 9 Punkten aus 3 Matcher.
An Italien ass tëscht Sampdoria a Juventus Turin kee Gol gefall.