
D'Jessika Ponchet steet an der Weltranglëscht op der 187. Plaz, wougéint d'Mandy Minella aktuell op der 140 steet.
Am 2. Tour kritt d'Lëtzebuergerin et mat der Schwedin Johanna Larsson ze dinn, déi mat 6-3 a 6-1 géint d'Urzula Radwanska gewonnen huet.
Zu Melbourne huet d'Loftqualitéit rekordverdächteg, miserabel Wäerter erreecht. En Dënschdeg gouf néierens soss op der Welt méi eng schlecht Loft gemooss, sou déi zoustänneg Gesondheetsautoritéiten. E Mëttwoch war d'Loftqualitéit ëmmerhin „bescheiden“. D'Qualifikatiounsmatcher hate missen ënnerbrach ginn, mä och wéinst Reen.
Bei Benefice-Spiller vun den Tennisstaren fir déi Betraffe vun de Bränn si gëschter bal 5 Milliounen Dollar zesumme komm.