Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMarvin Martins a Vincent Thill feiere Victoiren

RTL Lëtzebuerg
An Éisträich gewënnt de Marvin Martins mat Austria Wien, wärend den Eldin Dzogovic mat Magdeburg an der zweeter däitscher Liga mat 0:1 verléiert.
© RTL-Archiv

An der Bundesliga konnt sech den Yvandro Borges iwwert säin zweeten Asaz fir Gladbach freeën. De Lëtzebuerger ass am Derby géint Köln an der 78. Minutt beim Stand vu 4:1 agewiesselt ginn. Gladbach huet den Derby mat 5:2 gewonnen.

An der zweeter Bundesliga stoung den Eldin Dzogovic beim Match vu Magdeburg zu Sandhausen am Kader. Hie sollt bei der 0:1-Defaite vu senge Faarwen awer net zum Asaz kommen. Magdeburg steet mat 10 Punkten op der 15. Plaz, eng Plaz virun der Relegatioun.

De Marvin Martins konnt am éisträichesche Championnat mat Austria Wien eng 2:1-Victoire am Derby géint Rapid Wien feieren. Domat kann d’Austria d’Néierlag aus der leschter Woch nees guttmaachen a steet mat 15 Punkten nees am ieweschte Play-Off.

A Schweden huet AIK Stockholm géint Helsingborg 2:0 gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Vincent Thill stoung an der Startformatioun an huet 90 Minutten duerchgespillt. Stockholm séchert sech domat wichteg Punkten am Kampf ëm déi éischt Plazen.

An der Belsch konnt sech St-Gilloise mam Anthony Moris mat 2:1 géint Cercle Bruges behaapten. De Lëtzebuerger stoung wéi gewinnt nees tëscht de Pottoen.

An der amerikanescher MLS huet New York City mam Maxime Chanot auswäerts mat 2:1 géint Atlanta gewonnen. Mat dëser Victoire festegt een déi drëtte Plaz an der Tabell. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain.

Samschdeg

An der Bundesliga hu Mainz an RB Leipzig sech beim 1:1 d’Punkte gedeelt. De Leandro Barreiro ass op Säite vu Mainz an der 66. Minutt agewiesselt ginn.

Fir den Danel Sinani an Norwich City gouf et an der englescher zweeter Liga eng batter 2:3-Heemdefaite géint Preston North End.De Sinani war an der 59. Minutt beim Stand vun 1:2 agewiesselt ginn. Norwich City verpasst domat de Sprong un d’Tabellespëtzt a bleift punktgläich mam 1. a mam 3. op Plaz 2.

An der zweeter däitscher Bundesliga gouf et fir Hansa Rostock beim 0:3 doheem géint Karlsruhe näischt ze huelen. De Sébastien Thill ass an der 66. Minutt agewiesselt ginn an huet e puer Minutten dorop eng giel Kaart krut.

Waldhof Mannheim konnt sech an der drëtter Liga an Däitschland mat 1:0 géint Saarbrécken duerchsetzen. De Laurent Jans huet vun Ufank u gespillt an ass réischt an der 90. Minutt ausgewiesselt ginn. An der Tabell läit Mannheim domat temporär op der 5. Plaz.

An der zweeter Liga a Portugal muss Vilafranquense sech doheem 0:1 géint Penafiel geschloe ginn. Den Eric Veiga stoung wéi gewinnt déi 90 Minutten iwwer um Terrain an huet an der 70. Minutt eng giel Kaart krut.

An der tierkescher zweeter Liga hat Eyüpspor beim klore 4:0-Succès keng Problemer mat Manisa. Den Oli Thill steet bei Eyüpspor, déi elo Tabellenéischte sinn, opgrond vu senger Verletzung weider net am Kader.

Sparta Rotterdam ass weider gutt a Form a gewënnt an der Eredivisie 3:1 géint Emmen. De Mica Pinto huet 90 Minutte gespillt an no enger knapper Véierelsstonn den 1:0 vu Rotterdam virbereet.

RFC Seraing ass an der éischter belscher Liga wéinst engem Eelefmeter an der Nospillzäit net iwwert een 1:1 géint Oostende erauskomm. De jonke lëtzebuergesche Golkipp Timothy Martin souz op der Bänk, ass awer net zum Asaz komm.

Back to Top
CIM LOGO