
De Max Eberl hält aus gesondheetleche Grënn bei Borussia Mönchengladbach op. De Veräin aus der éischter Däitscher Futtball Bundesliga an de Concernéierten hunn dat e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz matgedeelt. “Ich bin kaputt, erschöpft und kann deshalb nicht mehr arbeiten”, sot den 48 Joer alen Eberl, deen déi lescht 14 Joer bei de Fohlen op deem Poste war, ënner Tréinen.
Hien wéilt einfach nëmmen nach eraus aus deem Ganzen an näischt méi mat deem Futtball, wéi en elo ass, ze dinn hunn. Eng Futtballwelt an där Muechtfantasien, déi krank maachen, regéieren, e ongesonde Leeschtungsdrock, Egoismus a Geld- a Selbstsucht dominéieren. D’Futtballer wäre just nach eng Wuer, sou den Eberl. Am Ganze war de fréiere Spiller vu Gladbach 23 Joer bei de Borussen.