De Kingsley Coman huet virun zwou Wochen eréischt säi Kontrakt beim FC Bayern München bis 2027 verlängert. Mat um Verhandlungsdësch souz eben och den Affekot aus dem Grand-Duché.
D‘Relatioun mam Papp vum franséische Futtballnationalspiller, deen och de Manager vu sengem Fils ass, huet viru 7 Joer ugefaangen. De Kontakt war iwwert e Bekannten entstanen. De Me Marc Theisen gouf vum Christian Coman beim Prêt vu Juventus Turin bei den Däitsche Rekordchampion gefrot, e Bléck op de Kontrakt ze geheien. Zanterhier gräift de Papp Coman op d‘juristesch Hëllef vum fréiere COSL-President zeréck.
De Kontrakt, deen elo ausgehandelt gouf, an deen dem Kingsley Coman bis zu 17 Milliounen Euro d‘Saison soll bréngen, gouf souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch verfaasst, do huet een als Lëtzebuerger Jurist natierlech e Virdeel. Fir den FC Bayern waren den Dokter Michael Gerlinger, Responsabelen vum Droitsdepartement, an de Sportvirstand Hasan Salihamidzic um Verhandlungsdësch op der Säbener Strasse. Déi lescht Verhandlungsronn war laang an haart, esou de Me Marc Theisen.