Futtballer am AuslandNéierlage fir Lars Gerson a Maxime Chanot

RTL Lëtzebuerg
De Mica Pinto dogéint konnt an de Playoffs an Holland eng wichteg Victoire feieren.
© AFP

An der Norwegescher Coupe gouf et eng Batter Néierlag am Eelefmeterschéisse fir de Lars Gerson an Kongsvinger. Nodeem een no 50 Minutten 2:0 am Avantage war, huet d’Heemekipp aus Gjovik-Lyn just 10 Minutte gebraucht, fir de Match auszegläichen. An der Verlängerung hu béid Ekippe getraff, ma Kongsvinger konnt d’Iwwerzuel, déi si zanter der 95. Minutt haten net ausnotzen. Beim Eelefmeterschéissen huet d’Ekipp vum Lëtzebuerger just ee vun hiren dräi Schëss eragemaach, d’Géigner dogéint konnten der véier vu véier verwandelen.

Eng 1:3-Néierlag gouf et doheem fir den New York City FC géint den FC Cincinnati. De Maxime Chanot hat fir déi New Yorker an der 51. Minutt giel gesinn. Fir d’Gäscht haten den Acosta, Barreal a Vazquez getraff, de Cufre hat den tëschenzäitlechen 1:2 aus Siicht vun New York markéiert.

An Holland stoung de Mica Pinto mat Sparta Rotterdam an der Halleffinall vun de Conference-League-Playoffs. Am Allersmatch gouf et eng 2:1 Victoire zu Utrecht. De Lëtzebuerger gouf an der 62. Minutt ausgewiesselt. De Retourmatch gëtt e Sonndeg gespillt.

Back to Top
CIM LOGO