
Dat, nodeems seng ëmstridden Arees an Australien scho fir vill Diskussioune gesuergt hat. Den Novak Djokovic hält säin Impfscheema geheim. Allerdéngs hat hie scho puer mol kloer gesot, dass hien de Covid-Vaccin net a sengem Kierper wëll hunn.
Hie krut eng Ausnamen-Autorisatioun fir d’Arees. Vill Australier ware schockéiert, ëmmerhi musse si sech scho laang u mat déi strengste Corona-Restriktiounen op der Welt halen. Fir eng Arees muss ee vill Critèren afëllen. Virun allem, wann een net geimpft ass. Eng Derogatioun ass nëmme virgesi fir Leit, déi zum Beispill kardiovaskulär Krankheeten oder allergesch Reaktiounen hunn.
Der australescher Tennisfederatioun no hätt en onofhängege medezinesche Gremium dës Derogatioun fir den Djokovic accordéiert. Den Dossier wär anonym gewiescht. D’Federatioun hält drop, den Tennisstar hätt also keng Extrawurscht kritt.
Mä e puer Stonnen duerno huet de Gesondheetsminister Greg Hunt op enger Pressekonferenz erkläert, de Visum vum Novak Djokovic wär net valabel. De Sportler hätt de Grenzautoritéiten net déi néideg Beweiser fir seng Derogatioun kënne virleeën. De Serb koum an en Hotel fir Leit, déi d’Land musse verloossen.
Antëscht war dem Djokovic säi Fall e Politikum ginn. Den australesche Premier Scott Morrison huet betount, dass déi selwecht Reegele fir jidderee gëllen. De serbesche President Aleksandar Vučić huet sengem Landsmann ëffentlech de Réck gestäipt. De beschten Tennisspiller vun der Welt dierft net mësshandelt ginn, esou säi Message a Richtung Australien.
E Méindeg kënnt d’Affär viru Geriicht. Bis dohi wäert keng Decisioun falen, ob den Novak Djokovic de 17. Januar bei den Australien Open opschloen däerf, fir do säin 10. Titel unzestriewen. Säi Konkurrent Rafael Nadal huet wéineg Matleed: Wann ee geimpft ass, däerf een iwwerall spillen, huet hien zu Melbourne gesot.
D’Autoritéiten an Australien hunn d’Reprochen vun der Famill vum Novak Djokovic zeréckgewisen,si géifen den Tennisstar zanter senger Arrivée zu Melbourne als Prisonnéier festhalen. “Den Här Djokovic kéint all Ament goen an de Grenzschutz géif him dobäi hëllefen”, sou déi australesch Inneministesch de Moien. An engems huet si confirméiert, datt et zwee weider problematesch Fäll am Zesummenhang mat den Australian Open gëtt déi elo iwwerpréift sinn.
