Rout Däiwelen vs Rout LéiwenOch beim Frëndschaftsmatch géint Belsch si Lëtzebuerger Supporter dobäi

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend spillt d'FLF-Formatioun e Frëndschaftsmatch géint eis Belsch Noperen, déi sech op d'Europameeschterschaft wëlle virbereeden.
© Serge Olmo

Fir de Frëndschaftslännermatch Belsch géint Lëtzebuerg kënnen d’Rout Léiwe bestëmmt op d’Ënnerstëtzung vun enger gudder Partie Lëtzebuerger Supporter zielen an zwar d’Lëtzebuerger Studenten.Verschiddener hu sech eng ronn dräi Stonne virum Match beim Mont des Arts am Zentrum vu Bréissel Rendez-vous ginn.

Lëtzebuerger Studenten beim Futtballsmatch dobäi / Reportage Serge Olmo

Et si bal 1.000 Lëtzebuerger Studenten zu Bréissel. Et ass awer elo net, datt sech d’Lëtzebuerger en Masse fir dëse Lännermatch getraff, huet eis de Gil Mancini, dee Politik an Droit studéiert, confirméiert. Hie ka sech awer virstellen, datt kuerz virun der Partie virum Stade Roi Baudouin eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger sech wäerte gesinn, fir d’Rout Léiwe ferm z’ënnerstëtzen.

De Felix Altwies, Student an der Kommunikatioun, huet confirméiert, datt Bréissel eng ganz flott Stad wier, fir ze studéieren an dat d’Ambiance bei de Lëtzebuerger richteg gutt ass. Bréissel ass gläichzäiteg no a och wäit vun doheem, wat hien zimmlech cool fënnt.

Wéi hie selwer si vill Studenten an der Examensperiod. Dofir ass den Undrang vläicht net esou massiv.
De Match géint Lëtzebuerg ass wéi gewosst just eng Preparatioun fir d’Belsch, deemno ass och den Intressi ronderëm dem Duell vun den Noperen zwar do, awer och net iwwerwältegend.

Back to Top
CIM LOGO