Visitt bei den Olympesche SpillerOch de Weekend steet fir de Grand-Duc vill um Programm

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegmoie wäert hie schonn dem Bouschéissen nokucken, wou fir de Lëtzebuerger Pit Klein d'32stel-Finall usteet.

Falls hie weiderkënnt, wäert de Grand-Duc och bei den nächste Ronnen am Laf vum Dag als Spectateur dobäi sinn.

Owes geet et dann an d’Maison du Luxembourg op eng Soirée vum Team Lëtzebuerg, ier da fir den Ofschloss vum Dag eng Visitt um Fanfest um Stade Bouin vum House of Liechtenstein um Programm steet.

E Freidegmoien däerf sech dann och d’Patrizia Van der Weken iwwer groussherzogleche Support freeën, dat wärend dem Virentscheed am 100-Meter vun den Dammen am Stade de France, wou de Grand-Duc owes och dem Bob Bertemes an der Qualifikatiounsronn am Bommestoussen nokucke wäert.

Samschdes geet et weider mat der Stroossecourse am Vëlo bei den Häre mam Alex Kirsch. Am Fall datt se e Freideg weiderkommen, wäert de Grand-Duc dann och nach emol de Bob Bertemes an der Finall an d’Patrizia Van der Weken an der Halleffinall, respektiv an der Finall ënnerstëtzen.

Och de Pit Klein kann e Sonndeg nach eemol op dem Grand-Duc seng Ënnerstëtzung hoffen, falls hien en Donneschdeg weiderkënnt. Am Nomëtteg kuckt de Grand-Duc dann och dem Christine Majerus am Dammevëlo no, ier et nees an d’Maison du Luxembourg geet, wou e sech mam President vum Internationalen Olympesche Kommitee, dem Thomas Bach trëfft.

Back to Top
CIM LOGO