DammefuttballOnglécklech Defaite vun der Lëtzebuerger U17 géint de Kosovo

Tim Hensgen
Duerch dës Defaite hunn et déi jonk Rout Léiwinnen dann och net an den nächsten Tour vun der WM-Qualifikatioun gepackt.
© Tim Hensgen

No der 0:2 Defaite géint Belarus an dem 10:0 géint Georgien huet d’U17-Dammennationalekipp en Donneschdeg den Owend zu Biissen hire leschte Match am Grupp 1 vun der League 2 fir d’WM-Qualifikatioun gespillt. Déi Rout Léiwinne haten nach d’Chance, fir sech fir den nächsten Tour ze qualifizéieren.

Dofir huet d’Formatioun vum Dan Santos awer eng Victoire géint de Kosovo gebraucht. An et huet gutt fir Lëtzebuergerinnen ugefaangen. No Viraarbecht vum Luisa Braz huet Joana Trigo den 1-0 an der 12. Minutt markéiert. D’Rreze Gashi huet awer namme 5 Minutte méi spéit fir de Kosovo ausgeglach. An der 25. Minutt hunn d’Gäscht duerch d’Aurora Racaj nach een drop gesat. No enger ausgeglachener éischter Hallschent ass et mat 2-1 fir de Kosovo an d’Paus gaangen.

Et ass eng richteg spannend Partie ginn. D’Luisa Bras vum FC Metz huet an der 53. Minutt mat engem schéine Wäitschoss den 2-2 geschoss.

E puer Minutten nodeems Caroline Jorge eng 100 prozenteg Chance net notze konnt, huet de Kosovo seng éischt Geleeënheet an der zweeter Hallschent direkt genotzt, dat an der 62. Minutt duerch Racaj an et stoung 3:2 fir de Gaascht.

D’Decisioun ass an der 81. Minutt gefall, mam drëtte perséinlech Goal vum Aurora Racaj an de Match war gelaf. Déi Rout Léiwinne verléiere mat 4:2, mäe hätten e Remis verdéngt gehat. Leider huet genee ewéi géint de Belarus e bëssen d’Gléck gefeelt.

Back to Top
CIM LOGO