Qualifikatioun Europa LeagueOut fir d'Fola géint Chikhura

RTL Lëtzebuerg
An der Europa League huet d'Fola e Mëttwoch och de Retourmatch géint d'Ekipp aus Georgien verluer.
© pressphoto (Archiv)

D’Aventure Europa League ass fir d’Fola eriwwer. An der 1. Ronn vun der Qualifikatioun gouf d’Ekipp vum Jeff Strasser vun der georgescher Ekipp Chikhura eliminéiert.

No der 1:2-Néierlag am Allersmatch, hunn déi Escher och de Retourmatch e Mëttwoch den Owend géint de georgesche Veräin verluer. Fir Chikhura hat den Ardazishvili an der 25 Minutte markéiert, den Sardalishvili huet dann an der 73. Minutt nach op 2:0 erhéicht. An der 89. Minutt konnt de Sinani nach vum Punkt op 2:1 verkierzen.

Back to Top
CIM LOGO