Australian Open am TennisRafael Nadal trëfft an der Finall op den Daniil Medvedev

RTL Lëtzebuerg
Am Fall vun enger Victoire e Sonndeg géif de Spuenier mat 21 Succèse bei engem Grand Slam, eleng de Rekord kréien.
© AFP

Op den Australian Open am Tennis heescht d‘Final bei den Häre Rafael Nadal géint den Daniil Medvedev. De Russ huet elo viru Minutten an der zweeter Halleffinall a 4 Sätz, 7:6, 4:6, 6:4 a 6:1 géint de Griich Stefanos Tsitsipas gewonnen.

Am fréie Moien hat sech de Nadal schonn a 4 Sätz géint den Italiener Matteo Berrettini duerchgesat. Am Fall vun enger Victoire e Sonndeg géif de Spuenier mat 21 Succèse bei engem Grand Slam, eleng de Rekord kréien.

Nieft dem Nadal hunn jo och de Schwäizer Roger Federer an de Serb Novak Djokovic 20 Major Titelen an hirem Palmarès stoen.

Back to Top
CIM LOGO