
Et sollt net sinn. Op der Schwamm-Europameeschterschaft zu Belgrad a Serbien hu sech de Ralph Daleiden an de Rémi Fabiani weder fir d‘Final, nach fir d‘Olympesch Summerspiller zu Paräis iwwer 100 Meter Crawl qualifizéiert. Den Daleiden huet no 48 Sekonnen a 85 Honnertstel ugeschloen an ass domat 51 Honnertstel iwwert der A-Norm fir Olympia bliwwen. De Fabiani huet e Chorno vun 49 Sekonnen an 10 Honnertstel realiséiert. Béid Schwëmmer sinn och iwwert hiren Zäite vun den Dënschdeg de Moien aus de Serien bliwwen.
Den Daleiden schléit an de Serien no 48 Sekonnen an 68 Honnertstel un an ass domat just 5 Honnertstel vu sengem Lëtzebuerger Rekord a 34 Honnertstel vun der A-Norm fir d‘Olympesch Spiller zu Paräis ewech. De Fabiani huet e Chrono vun 48 Sekonnen an 84 Honnertstel realiséiert a konnt sech perséinlech Beschtzäit domat ëm 78 Honnertstel verbesseren. D‘Halleffinalle sinn um Dënschdeg den Owend.