OffiziellRégis Brouard gëtt neien Trainer beim Stater Racing

RTL Lëtzebuerg
Wat sech zanter e Sonndeg ugedeit huet, ass dann en Dënschdeg confirméiert ginn.
© Maya a Robert Straus

De Wonsch, esou séier wéi méiglech en neien Trainer ze fannen, nodeems de Frank Defays de Veräin jo nom 1. Training Richtung Charleroi verlooss huet, ass de Responsabele vum Racing dann elo endlech gegléckt.

De Régis Brouard hëlt nämlech d’Relève vum Patrick Grettnich beim Stater Racing. Den 52 Joer ale Fransous huet e Kontrakt vun 2 Joer beim Racing ënnerschriwwen.

Seng lescht Trainerstatioun war an der Saison 2017/2018. Déi Saison huet hien de Red Star aus der zweeter franséischer Divisioun gecoacht.

E Sonndeg zu Hueschtert setzt den neie Mann fir d’éischte Kéier op der Trainerbänk. De Patrick Grettnich ass elo nach just Directeur Sportif.

Back to Top
CIM LOGO