50 Meter RéckRémi Fabiani ka säin eegene Rekord nach emol verbesseren

RTL Lëtzebuerg
Op engem Meeting zu Indianapolis kënnt hien an der Finall op déi 7. Plaz.
© RTL-Archiv

Et gëtt nees en neie nationale Rekord am Schwammen. Op engem Meeting zu Indianapolis ass de Rémi Fabiani iwwert d'50 Meter Réck an der Finall no 25 Sekonnen an 29 Honnertstel ukomm.
Domadder gëtt hien de 7ten, zesumme mam Grant Bochenski, dee genee déi selwecht Zäit geschwommen ass. Gewonne gouf d'Course vum Quintin McCarty an enger Zäit vu 24 Sekonnen a 45 Honnertstel.

Schonns an der Serie hat de Fabiani mat 25 Sekonnen an 36 Honnertstel säin eegene Rekord aus dem Joer 2024 verbessert. An der Finall war en deemno nach emol en Tick méi séier.

PDF: Communiqué de presse natation Luxembourg NEW NR 25''29

Back to Top
CIM LOGO