FuttballReunioun tëscht Becca a Merk huet 5 Stonne gedauert

RTL Lëtzebuerg
De Flavio Becca an den Dokter Markus Merk hu sech zu Lëtzebuerg getraff, fir ze kucken, ob een an Zukunft beim 1. FC Kaiserlautern kéint zesummeschaffen.
Den Dr. Markus Merk.
Den Dr. Markus Merk.
© AFP

Nom Récktrëtt vun deene meeschte Memberen aus dem Opsiichtsrot vum däitschen Futtball-Traditiounsveräin, wäert den 1. Dezember op der Generalversammlung vun de Rouden Däiwelen, d’Equipe ronderëm de Merk d’Responsabilitéit an deem Gremium beim 1.FCK iwwerhuelen.

5 Stonnen huet d’Reunioun tëscht dem potenziellen Lëtzebuerger Investisseur an dem zukünftegen Opsiichtsrotsmember gedauert. Duerno huet de Merk matgedeelt: “Mir hunn an enger vertrauensvoller Atmosphär, déi géigesäiteg Erwaardungen, an engem oppenen an wäertschätzende Gespréich ausgetosch. Weider Gespréicher sinn nom 1. Dezember geplangt.”

Bei der Reunioun waren de Markus Merk, fréieren FIFA-Arbitter an Däitschland an den Rainer Keßler vum „Team Merk“ dobäi. De Flavio Becca hat seng Beroder Lucien Lux a Patrick Gregorius matbruecht, mellen Däitsch Medien.

Back to Top
CIM LOGO