
Dem Mané sinn 2019 a 64 Matcher 36 gelongen, hie gewënnt de Präis viru sengem Teamkomerod Mohamed Salah an dem Riyad Mahrez vum Liga-Konkurrent Manchester City.
Déi lescht zwee Joer hat allkéiers de Salah virum Mané gewonnen, dëst Joer hu si d’Plaze getosch. Den Achraf Hakimi vun Dortmund ass iwwerdeems zum beschten Nowuessspiller gewielt ginn.